GOVCERT.LU ass déi zentral Ulafstell fir all Aarte vun IT-Tëschefäll, déi eng Bedroung fir d’Informatiounssystemer vun der Regierung an aneren als kritesch agestuuften ëffentlechen a privaten Infrastrukturbedreiwer duerstelle kënnen. Gitt méi iwwer eis Missioune gewuer a fannt eraus, wat fir eng Tätegkeetsberäicher an Aufgaben an d’Verantwortung vum GOVCERT.LU falen.
Mir manage Cyber-Sécherheetstëschefäll, déi eng Bedroung fir Lëtzebuerg duerstellen
Wëllkomm op der Websäit vum Computer Security Incident Response Team - oder kuerz CSIRT – vun der Lëtzebuerger Regierung (GOVCERT.LU).
GOVCERT.LU ass deen zentrale Kontaktpunkt fir all Aarte vun IT-Tëschefäll, déi d’Informatiounssystemer vun der Regierung an aneren als kritesch agestuuften ëffentlechen oder privaten Infrastrukturbedreiwer gefäerde kéinten.
An dësem Sënn behandelt eist Team all sécherheetsrelevant Cyber-Tëschefäll, déi dem Land Lëtzebuerg, sengen Awunner oder senger Wirtschaft schuede kéinten.
Wa sécherheetsrelevant Cyber-Ugrëff optrieden, reagéiere mir direkt an ergräifen déi entspriechend Moossnamen, fir de Risiko ze minimiséieren a verhënneren esou, datt se Auswierkungen op eis Systemer kënnen hunn. Gläichzäiteg baue mir eng sécher a widderstandsfäeg Infrastruktur fir d’Zukunft op.
Mir sinn eis awer bewosst, datt Cyber-Sécherheet op enger kollektiver Verantwortung berout an datt mir dowéinst op d’Ënnerstëtzung vun eiser Constituante ugewise sinn. Andeem Dir eis déi vun Iech entdeckten Tëschefäll iwwermëttelt, gitt Dir eis d’Méiglechkeet, dës ze analyséieren an doropshin entspriechend Léisungs- a Virsuergungsmoossnamen an d’Weeër ze leeden. Tëschefäll, déi d’Constituante vum GOVCERT.LU net direkt concernéieren, ginn un déi dofir zoustänneg CSIRTs weidergeleet.
Wéi Dir eis erreeche kënnt
Hutt Dir nach weider Froen zu eisen Déngschtleeschtungen oder wëllt Dir een Tëschefall via Telefon oder E-Mail mellen? Da fannt Dir hei eng vollstänneg Lëscht mat alle Kontaktinformatiounen. Mir stellen Iech d’E-Mail-Adressen an Telefonsnummere vun de verschiddenen Departementer zur Verfügung esouwéi eise PGP-Schlëssel, mat deem Dir den entdeckte Virfall op eng sécher Aart a Weis melle kënnt.