0x00

Mir manage Cyber-Sécherheetstëschefäll, déi eng Bedroung fir Lëtzebuerg duerstellen

Wëllkomm op der Websäit vum Computer Security Incident Response Team - oder kuerz CSIRT – vun der Lëtzebuerger Regierung (GOVCERT.LU).

GOVCERT.LU ass deen zentrale Kontaktpunkt fir all Aarte vun IT-Tëschefäll, déi d’Informatiounssystemer vun der Regierung an aneren als kritesch agestuuften ëffentlechen oder privaten Infrastrukturbedreiwer gefäerde kéinten.

An dësem Sënn behandelt eist Team all sécherheetsrelevant Cyber-Tëschefäll, déi dem Land Lëtzebuerg, sengen Awunner oder senger Wirtschaft schuede kéinten.

Wa sécherheetsrelevant Cyber-Ugrëff optrieden, reagéiere mir direkt an ergräifen déi entspriechend Moossnamen, fir de Risiko ze minimiséieren a verhënneren esou, datt se Auswierkungen op eis Systemer kënnen hunn. Gläichzäiteg baue mir eng sécher a widderstandsfäeg Infrastruktur fir d’Zukunft op.

Mir sinn eis awer bewosst, datt Cyber-Sécherheet op enger kollektiver Verantwortung berout an datt mir dowéinst op d’Ënnerstëtzung vun eiser Constituante ugewise sinn. Andeem Dir eis déi vun Iech entdeckten Tëschefäll iwwermëttelt, gitt Dir eis d’Méiglechkeet, dës ze analyséieren an doropshin entspriechend Léisungs- a Virsuergungsmoossnamen an d’Weeër ze leeden. Tëschefäll, déi d’Constituante vum GOVCERT.LU net direkt concernéieren, ginn un déi dofir zoustänneg CSIRTs weidergeleet.

0x01

Wee mir sinn a wat mir maachen

GOVCERT.LU ass déi zentral Ulafstell fir all Aarte vun IT-Tëschefäll, déi eng Bedroung fir d’Informatiounssystemer vun der Regierung an aneren als kritesch agestuuften ëffentlechen a privaten Infrastrukturbedreiwer duerstelle kënnen. Gitt méi iwwer eis Missioune gewuer a fannt eraus, wat fir eng Tätegkeetsberäicher an Aufgaben an d’Verantwortung vum GOVCERT.LU falen.

0x02

Kuckt Iech e puer vun eisen neisten Entdeckungen un

Ukënnegungen uweisen

Mir verëffentleche reegelméisseg nei Artikelen, déi sech mat e puer vun den interessantste Cyber-Sécherheetstëschefäll beschäftegen. Hei erkläre mir Iech ganz ausféierlech, wourop Dir oppasse musst, fir sécher am Internet ënnerwee ze sinn.

0x03

Hutt Dir ee sécherheetsrelevanten Tëschefall entdeckt?

Wann Dir een Tëschefall entdeckt, deen e méigleche Sécherheetsrisiko duerstellt, da biede mir Iech, eis dësen direkt ze mellen, andeem Dir op einfach a sécher Aart a Weis eisen extra dofir ausgeschafftene Formulaire ausfëllt.

0x04

Sicht Dir ee ganz bestëmmt Dokument?

Kuckt Iech an eiser Dokumentesammlung ëm, wou Dir detailléiert Informatiounen iwwer sécherheetsrelevant Tëschefäll esouwéi iwwer d’Grondlagen an d’Richtlinne vun eisen Déngschtleeschtungen an Aufgabe ganz einfach fannen an downloade kënnt.

0x05

Wéi Dir eis erreeche kënnt

Hutt Dir nach weider Froen zu eisen Déngschtleeschtungen oder wëllt Dir een Tëschefall via Telefon oder E-Mail mellen? Da fannt Dir hei eng vollstänneg Lëscht mat alle Kontaktinformatiounen. Mir stellen Iech d’E-Mail-Adressen an Telefonsnummere vun de verschiddenen Departementer zur Verfügung esouwéi eise PGP-Schlëssel, mat deem Dir den entdeckte Virfall op eng sécher Aart a Weis melle kënnt.