0x00

Dateschutzbestemmungen

GOVCERT.LU hëlt Är Privatsphär eenz an ass engagéiert, Är perséinlech Daten am Accord mam General Data Protection Regulation (GDPR) ze schützen. Dës Politik erkläert, wéi mir Är Informatiounen sammelen, benotzen, deelen an schützen, wann Dir mat eiser Websäit an eise Servicer interagéiert.

0x01

Wéieng Daten mir sammelen an firwat.

Mir sammelen nëmmen déi Informatiounen, déi Dir eis direkt zur Verfügung stellt, wéi zum Beispill Är E-Mail-Adress a Telefonsnummer, wann Dir se iwwer e Kontaktformular oder een Incident Rapport deelt. Är IP-Adress gëtt automatesch fir System-Administratioun protokolléiert, ënnert anerem fir Sécherheetsaudits. Mir sammelen keng aner perséinlech Informatiounen, ausser Dir entscheet Iech explizit, se mat eis ze deelen.

Den anonymen Reporting Formulaire benotzen.

Den anonymen Reporting Formulaire erlaabt et Iech, Vierfäll ze mellen ouni perséinlech Informatiounen ze deelen. Dir kënnt eng E-Mail-Adress oder Telefonsnummer uginn, wann Dir iwwer Är Ufro kontaktéiert wellt ginn. Är IP-Adress gëtt automatesch protokolléiert. Wann Dir de Reporting Formulaire net benotzt, wäerte mir keng Informatiounen iwwer Iech späicheren, ausser Är IP-Adress déi beim Zougreff op eis Websäit benotzt gouf, an de Web-Server-Logs fir Sécherheetsaudits.

0x02

Wéi mir är Daten benotzen an spaicheren.

  • Ufroe behandelen: D’perséinlech Daten, déi Dir iwwer eis Websäit schéckt, ginn vun GOVCERT.LU Sécherheetsanalystë behandelt, fir Iech mat Ärer Ufro ze hëllefen. Är Daten ginn net ouni Är explizit Erlabnis un een Drëtten gedeelt.
  • Statistesch Analys: Är IP-Adress gëtt temporär fir statistesch Zwecker am Zesummenhang mat Incident Reporting an System Usage Analys gespäichert. Dës Daten hëllefen eis, d’Behuelen vun de Benotzer ze verstoen an eis Servicer ze verbesseren.
  • Notifikatiounszwecker: Wann Dir eng E-Mail-Adress oder Telefonsnummer ugitt, kënne mir se notzen, fir Iech iwwer de Status vun Ärer Ufro oder Ärem Incident ze informéieren

Wéi mir Är Informatiounen deelen.

Mir wäerten Är eropgeluede Informatiounen net ouni Är explizit Zoustëmmung un een Drëtten wéiderleeden. Allerdéngs kënne mir an Ausnahm-Situatiounen anonymiséiert Metadaten am Zesummenhang mat méigleche Virfäll mat Partner (z.B. national an international Computer Security Incident Response Teams - CSIRTs) deelen. Dës Informatiounen kënne ënner anerem ëmfassen:

  • Typ vum Virfall
  • URLs, Domänen an IP-Adressen am Zesummenhang mam méiglechem Virfall
  • Aner relevanteg Informatiounen

Wéi mir Är Daten späicheren.

Mir wäerten Är perséinlech Daten sou laang späicheren, wéi et néideg ass, fir Är Ufro ze erfëllen oder rechtlech Obligatiounen ze erfëllen. Net-perséinlech Informatiounen wéi Metadaten vu Fichieren a Resultat vu Analyse ginn dogeint permanent gespäichert.

Wéi mir Är Informatiounen schützen.

GOVCERT.LU schützt är Datensécherheet enner aanerem duerch Verschlësselung vun alle Kommunikatiounsweeër. Obwuel mir néideg préventiouns Moossname en place hun, fir Är Informatiounen ze schützen, ass et wichteg ze verstoen, datt keng Internet-Iwwertragung oder elektresch Späichermethod 100% sécher ka sinn. Mir sinn awer engagéiert, déi stäerkstméiglech Moossname fir de Schutz vun Äre Daten ëmzesetzen.

0x03

Är Datenschutz Rechter.

Dir hutt folgend Rechter am Zesummenhang mat Äre perséinlechen Daten:

  • Zougrëff: Dir kënnt eng Kopie vun de perséinleche Daten, déi mir iwwer Iech hunn, ufroen.
  • Korrektur: Dir kënnt eis bieden, all net korrekt perséinlech Daten, déi mir iwwer Iech hunn, ze verbesseren.
  • Läschung (“Recht op Vergiessen”): Dir kënnt eis bieden, Är perséinlech Daten ënnert bestëmmte Ëmstänn ze läschen.
  • Aschränkung vun der Verarbechtung: Dir kënnt eis bieden, d’Verarbechtung vun Äre perséinlech Daten ënnert bestëmmte Ëmstänn anzeschränken.
  • Géint d’Verarbechtung protestéieren: Dir kënnt géint d’Verarbechtung vun Äre perséinlech Daten op Basis vu legitimen Interessi oder Direktmarketing protestéieren.
  • Datentransportabilitéit: Dir kënnt eng Kopie vun Äre perséinleche Daten an engem strukturéierte, a maschinnliesbare Format kréien.
  • Zréckzéie vun der Zoustëmmung: Dir kënnt Är Zoustëmmung fir d’Verarbechtung vun Äre perséinleche Daten zu all Moment zréckzéien.

Fir dës Rechter ze notzen, kontaktéiert w.e.g. eise Dateschutz-Offizier (DPO) op dpo@govcert.etat.lu. Dir hutt och d’Recht, eng Beschwäert bei der Kontrollinstanz (Commission Nationale pour la Protection des Données) anzereechen.

Kontaktéiert eis.

Wann Dir Froen zu dëser Dateschutz-Politik oder eise Datenpraktiken hutt, kontaktéiert w.e.g. eise Dateschutz-Offizier (DPO) op dpo@govcert.etat.lu.