An eiser ëmmer méi staark vernetzter Welt multiplizéieren sech Cyber-Ugrëff konstant an et gëtt och ëmmer méi schwéier, se ze bekämpfen.
Dank senger oppener Haltung géigeniwwer de Méiglechkeeten an Erausfuerderunge vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien entwéckelt sech Lëtzebuerg zu engem Global Player am ICT-Beräich a stellt de Schutz viru Cyber-Ugrëffer ëmmer méi an de Vierdergrond.
GOVCERT.LU handelt esouwuel um nationale wéi och um internationalen Niveau, fir de Grand-Duché viru Cyber-Attacken ze schützen, fir der lokaler Geschäftswelt en attraktiivt, séchert an zouverlässegt Ëmfeld ze bidden, mee och fir d’Grondrechter an d’Privatsphär vun den Awunner hei zu Lëtzebuerg ze schützen.
Mir sinn den zentrale Kontaktpunkt fir all Zort vu Cyber-Tëschefäll, déi d’Informatiounssystemer vun der Regierung a vun aneren als kritesch agestuuften ëffentlechen oder privaten Infrastrukturbedreiwer bedroe kéinten. An dësem Kontext bezeechent de Begrëff „als kritesch agestuuften Infrastruktur“ all Ariichtung, all System oder Deel dovun, déi essenziell sinn, fir déi liewenswichteg Interessen oder Grondbedierfnesser vun der ganzer oder engem Deel vun der Bevëlkerung vum Land ze schützen.
Fir eis Missioun erfëllen ze kënnen, ass eist d’Team vum GOVCERT.LU beoptraagt, klassifizéiert an net klassifizéiert Infrastrukturen op ënnerschiddlechen Niveauen ze betreien, op Tëschefäll ze reagéieren an entspriechend Moossnamen anzeleeden, wichteg Tëschefäll fréizäiteg ze detektéieren an ze verhënneren esouwéi eng besser Koordinatioun tëschent de staatlechen Acteure bei der Bewältegung vun engem Tëschefall ze garantéieren.
Laut nationalem Gesetz ass GOVCERT.LU den offizielle Lëtzebuerger Kontaktpunkt fir national esouwéi international staatlech Cyber Security Incident Response Teams – oder kuerz CERTs.
Engersäits ass eist Team dofir zoustänneg, Informatiounen iwwer Sécherheetstëschefäll, déi Informatiouns- a Kommunikatiounssystemer zu Lëtzebuerg betreffen, ze sammelen an ze verbreeden. Anerersäits fungéiere mir als Uspriechpartner am Beräich Cyber-Sécherheet fir all physesch a legal Persounen, Organismen an Instanzen, op nationalem wéi och op internationalem Niveau.
Esoubal eist Team relevant Informatioune kritt, musse mir se un d’CERTe vum betraffene Secteur weiderleeden. Wa fir dëse bestëmmte Secteur keen CERT existéiert, musse mir eis direkt un d’Affer vum Ugrëff wenden. Ausserdeem gëtt GOVCERT.LU och Recommandatiounen iwwer d’Kontaktinstitutiounen aus de jeeweilege Secteuren.
Doriwwer eraus existéiert ee spezialiséiert Asazteam, dat als offizielle Kontaktpunkt fir all auslännesch militäresch CERTen fungéiert a soumat garantéiert, datt bei Computerugrëff esouwéi ëmfangräiche Sécherheetstëschefäll, déi d’Netzwierker an d’Informatiounssystemer vun der Arméi um Territoire vum Lëtzebuerger Grand-Duché betreffen, Iwwerwaachungs-, Erkennungs- Alarméierungs- a Reaktiounsmoossnamen ageleet ginn.