0x00

Kooperatioun, Interaktioun a Weidergi vun Informatiounen

Mat de rechtlechen an etheschen Aschränkungen, déi et am Informatiounsfloss vum GOVCERT.LU gëtt, erkenne mir de Geescht vun der Zesummenaarbecht un, dee sengerzäit den Internet geschafen huet a leeschten domat eise Bäitrag duerzou. Mussen engersäits adäquat Moossname geholl ginn, fir d’Identitéit vu Memberen vun eiser Constituante a vun aneren Siten esou wäit ewéi méiglech ze schützen, mécht de GOVCERT.LU anerersäits Informatioune fir bestëmmten Autoritéiten zougänglech, wann ëmmer dat hëlleft, Sécherheetstëschefäll ze léisen oder ze verhënneren.

Fir de GOVCERT.LU ass d’Zesummenaarbecht an den Informatiounsaustausch tëschent CERTen an aneren Organisatiounen, déi dem GOVCERT.LU seng Servicer notze kënne ganz besonnesch wichteg.

De GOVCERT.LU schützt delikat Informatioune bei gläichzäitegem Respekt vun de gültege Reglementer a Richtlinnen zu Lëtzebuerg. De GOVCERT.LU respektéiert d’Sensibilitéitskennzeechnung vun Informatiounen, déi vun der Referenzentitéit vergi gëtt. (“originator control”).

De GOVCERT.LU went d’Prozedur vum Traffic Light Protocol (TLP) un, wann en Informatioune mat Equipen deelt, déi dës Prozedur ënnerstëtzen. Wann ëmmer dës Méiglechkeet sech bitt, gëtt se respektéiert.

Richtlinnen iwwer d’Weidergi vun Informatioune vum GOVCERT.LU fannt Dir hei.

0x01

Websäit Editeur

Dës Websäit gëtt vum GOVCERT.LU erausginn.

Wann Dir den Editeur kontaktéiere wëllt oder Froen iwwer den Inhalt vun der Websäit hutt, kuckt w.e.g. d’Kontaktsäit fir all d’Informatiounen, déi Dir braucht.

0x02

Rechtlech Aspkter

GOVCERT.LU iwwerhëlt keng Responsabilitéit an haft net fir Informatiounen, déi op dëser Websäit zur Verfügung gestallt ginn.

GOVCERT.LU haft net fir d’Benotze vun Informatiounen, déi op dëse Säite publizéiert ginn. Den Inhalt ass nëmmen als Informatioun ze gesinn an ass méiglecherweis net vollstänneg. Wann et Ënnerscheeder ginn tëschent den Texter op dëse Säiten an den Originaltexter, sinn d’Originaltexter ausschlaggebend.

Dës Websäit ass muenchmol mat externe Säite verbonnen, iwwer déi de GOVCERT.LU keng Kontroll huet a fir déi en och keng Verantwortung iwwerhëlt.

GOVCERT.LU iwwerhëlt keng Verantwortung fir Schied un Ärem Computer, déi doduerch entstane sinn, datt Dir dës Websäit benotzt hutt.

Dësen Dementi ass weder geduecht fir Oplagen, déi vum geltende Recht festgeluecht sinn, ze ëmgoen, nach fir d’Haftbarkeet bei Affären, déi ënner dat Recht kënne falen, auszeschléissen.

0x03

Lizenz

D’Reproduktioun vun den Informatiounen, déi um Site stinn, ass fir gemengnëtzeg Zwecker erlaabt, ënner der Konditioun, datt d’Quell genannt gëtt.