0x00

Bleift ëmmer um neiste Stand

An dëser Rubrik versuerge mir Iech mat den interessantsten Neiegkeeten, Updates an Tëschefäll aus der Welt vum Cyberspace. A Form vu liicht verständlechen Artikele presentéieren an erkläre mir Iech eng Auswiel u relevante Cyber-Virfäll esouwéi dauerhafte Bedroungen, déi eng potenziell Gefor fir Iech an anerer duerstelle kënnen.

0x01

Phishing

Phishing bezeechent eng Zort vu Cyber-Attack, bei där en Ugräifer elektronesch Kommunikatiounsmëttel benotzt, fir ze probéieren un déi sensibel Donnéeë vu sengen Affer erunzekommen. Fir dëst ze erreechen, schéckt den Ugräifer E-Mailen, déi op den éischte Bléck aus enger vertrauenswierdeger Quell ze komme schéngen – bspw. e Liwwerservice, en Online-Shopping-Site, oder souguer d’Steierverwaltung. An der E-Mail gëtt de Benotzer opgefuerdert sensibel Informatioune wéi seng Login-Daten oder Kreditkaartennummere matzedeelen. Dës notzt den Ugräifer dann zu sengem Virdeel.

Fir Laien ass eng Phishing-Attack net ëmmer kloer erkennbar. Aus dësem Grond präsentéiere mir Iech hei déi aktuellst mee och scho méi al Phishing-Bedroungen, déi am Cyberspace lauere kënnen. Am Allgemenge sollt Dir awer ëmmer virsiichteg sinn, wou a wéini Dir Är perséinlech Informatiounen ugitt.

0x02

Ukënnegungen

Datum
Kategorie

Et gëtt keng Resultater fir déi ausgewielten Krittären.